KUKI 2026 Spezial
Extra fir de KUKI 2026 huet de Joël Adam zesumme mam Tom Harles eng exklusiv Spezialitéit aus roudem Rubarb produzéiert: de RubarbRaiber, e Likör dee sech als Shot oder an engem gudde Lëtzebuerger Crémant dégustéiere léisst. Kommt den 31.Mee an der Brennerei laanscht a loosst iech dee Genoss net entgoen.
Kultur a Konschtfestival Kielen 2026
D'Frënn vum Brennereimusée maachen och bei der EDITION 2026 vum KUKI mat.
Am Haff vun der Brennerei stellen och en etlech Kënschtler hir Wierker aus.
Ugebuede gëtt eng grouss Auswiel u Gedrénks. Do dernieft gëtt et selwergemaachten Eisekuchen mat Zocker, Schmant oder Äerdbier.
An der Brennerei gëtt et e puer ganz besonnesch Produit'en aus Rubarb ze schmaachen.
De Brennereimusée ass natierlech och op.
Springfield-Festival 2026
D'Frënn vum Brennereimusée sinn och dëst Joer de 16.Mee 2026 bei der zweeter Editioun vum Springfield-Festival zu Ollem dobäi. Mir assuréieren de Gedrénks-Stand a suergen dofir, datt keen Duuscht leide muss.
Komm op e Patt laanscht. Mir freeën eis.